Garantie
Wann Äert Produkt, dat Dir bei eis kaaft hutt, beschiedegt ukënnt, da kënnt Dir et un eis zeréckschécken. Op all Artikelen aus eisem Webshop gëllt d'Garantiezäit vun dem Liwwerant / de Marken.
Dës Garantië gëllen onageschränkt vun der gesetzlecher Garantie. Gesetzlech Garantie bedeit, datt e Produkt eben dat ass oder dat maache muss, wat de Konsument sech dovun erwaart.
Ënne fannt Dir d'Garantiezäite vun de verschiddene Marken:

Parker: 2 Joer
Waterman: 3 Joer
Cross: Liewenslaang
Sheaffer: 2 Joer
Diplomat: 2 Joer
Lamy: 3 Joer

Schuedfäll, déi baussent der Garantie falen, sinn:
- Fiichtegkeet- oder Waasserschied
- Schied aus ongëeegenter Benotzung
- Verschläiss duerch deeglech Benotzung
- Personaliséiert Produkter

Wann Dir e Produkter zeréckschécke wëllt, da sollt Dir virum Verschécken, fir d'éischt Kontakt mat eis ophuelen. Dat kënnt Dir iwwer info@onlinepenshop.lu maachen
Wa mir mat dëser Ufro averstane sinn, kënnt Dir d'Produkt op déi ënne stoend Adress zeréckschécken.

Penshop
Hoofdweg 635
2131 BA Hoofddorp
Holland

D'Käschten, déi duerch d'Zeréckschécke vun engem defekte Produkt entstinn, gi vu Penshop iwwerholl.

Kloen
Och wa mir dono striewen, e Client zefridden ze stellen, kann et virkommen, datt Dir eng Klo hutt. Mir sinn hei dofir natierlech oppen a ginn dat dann och gäre vun Iech gewuer.
Kloen iwwer d'Ausféierung vum Ofkommes musse bannent enger gëeegenter Zäit vollstänneg an däitlech beschriwwe virgeluecht ginn. Dir kënnt Är Klo schrëftlech iwwer info@onlinepenshop.lu virleeën. Dir kritt bannent 7 Deeg Auskonft iwwer déi vun Iech abruecht Klo. Sidd Dir net zefridde mat der Beaarbechtung vun Ärer Klo? Da kënnt Dir se der Schlichtungsstell Geschillencommissie Thuiswinkel, Postbus 90600, 2509 LP zu Den Haag (www.sgc.nl) virleeën. Gläichzäiteg kënnt Dir Är Klo och der Schlichtungsstell iwwer d'europäesch ODR-Plattform (http://ec.europa.eu/consumers/odr/)" virleeën.